
Mat déiwem Bedaueren deele mir mat, datt den Ernest Erasmy vun eis gaangen ass.
Hie war e Mann, dee mat sengem Engagement a senger Léift fir d’Mënschen d’Entreprise Erasmy Pompes Funèbres zu deem gemaach huet, wat se haut ass. Awer virun allem huet hien duerch seng Wäerter a seng Mënschlechkeet grouss Spueren an de Liewen – a besonnesch an den Häerzer – vu villen hannerlooss.
Mir, seng Famill a säi Betrib, traueren ëm e Mann, deen eis all déif gepräägt huet, a gläichzäiteg si mir dankbar fir dat, wat hien hannerléisst.